arrow_back_ios
Klassik aktuell
Sonndesféiwer
"Sonntagsfieber" beschreift keng Krankheet, mee d'Wierkung vun der Sopranistin Henriette Sontag op hire Publikum. Vu Prag bis Nordamerika begeeschtert si d'Leit mat hirer heller Stëmm an hirer Bünepresenz esou staark, datt si haut als eng vun deenen éischte Staren am moderne Sënn vum Wuert beschriwwe gëtt. De 17. Juni 1854 stierft d'Henriette Sontag un der Cholera.