D'Arie "Ebben? Ne andrò lontana" aus der Oper "La Wally" ass eng vun de bekanntsten aus dem Operenrepertoire. Vu Gesanksrécitale bis Publicitéit, op der Tëlee an a Kinosfilmer, iwwerall gouf an ass dës Melodie ze héieren. De Komponist Alfredo Catalani hat mat senger Oper "La Wally" deemools e phenomenale Succès. Allerdéngs ass hie mat der Zäit an de Schiet vum Giacomo Puccini geroden. De Catalani ass op engem 19. Juni 1854 gebuer, an e Manuel Ribeiro huet a senger Biographie gebliedert.
arrow_back_ios