arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Back to Musical Life"
"Back to Live" ass zanter e puer Deeg de Motto vun der Philharmonie, déi nees Concerten am Haus mat Public ubitt. Haut den Owend ass et den éischte Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg zanter dem 6. Mäerz. Et ass een Ament, op deen d'Museker an och hire Chefdirigent laang gewaart hunn. Fir de Gustavo Gimeno ass ee "Back to Musical Life" no dräi Méint Confinement zu Amsterdam.
Wéi de Gustavo Gimeno dës Zäit erlieft a wéi hie sech op d'Relance preparéiert huet, huet hien dem Guy Engels verzielt.