Klassik aktuell
Déi nei Saison vun der Metzer Oper
Fir de Paul-Émile Fourny, Direkter vun der Opéra-Théâtre Metz Métropole, ass et wichteg, esou séier wéi méiglech op eng "normal" Spillsaison zeréckzekommen an dëst och am Respekt vun de Sécherheetsmesuren, déi applizéiert musse ginn. D'Kulturlandschaft leit, an den Direkter vum Haus fäert, datt vill jonk an talentéiert Kënschtler hire Beruff wäerte verléieren. Fir d'Opéra-Théâtre Metz Métropole steet de Programm fir 2020/21, e Programm, an dem och Produktiounen aus der ofgebrachener Saison wäerten hir Plaz fannen. De Manuel Ribeiro huet sech mam Paul-Émile Fourny ënnerhalen.