Kultur
De João Freitas am virtuelle Brave New World Order
De 25. Juni sollt d'Triennale jeune création hir Diere grouss opmaachen. Bei dëser Ausstellung, déi op Initiativ vun de Rotonden 2007 lancéiert gi war, handelt et sech ëm eng vun de gréisste Plattforme fir jonk Kënschtler aus der Groussregioun. An dës fënneft Editioun sollt natierlech speziell gefeiert ginn. Wéinst der Covid-Kris gouf d'Expo verréckelt, de 40 Kënschtler esoulaang eng virtuell Triennale kreéiert. D'Kerstin Thalau huet sech mam João Freitas, ee vun de selektionéierten Artisten, Joergang 1989, deen tëschent Bréissel a Lëtzebuerg lieft a schafft, iwwer den digitalen Ersatz, seng Confinementszäit a seng Projeten ënnerhalen.