arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Komponist war dergéint
Nach haut ass d'Tétralogie "Der Ring des Nibelungen" fir Adepte vun der Oper de Summum vun der Gattung. Mee am Wagner sengem Konzept ass net ëmmer alles opgaangen a géint de Wëlle vum Komponist goufen Deeler vum "Ring" scho virum ganzen Zyklus opgeféiert. Déi zweet Oper aus der Tetralogie "Die Walküre" hat hir Première sechs Joer virum "Ring" an dat och net zu Bayreuth, mee zu München, de 26. Juni 1870. De Manuel Ribeiro huet am Kalenner gebliedert.