Europa Aktuell
D'EU sicht no engem Auswee aus der Kris
D'Corona-Kris huet d'EU voll am Grëff. Des Woch huet d'Europäesch Kommissioun hir Previsiounen fir d'Europäesch Wirtschaft no ënnen korrigéiert. Et gesäit deemno méi schlecht aus, wéi Uganks ugeholl.
Emsou méi grouss gëtt den Drock, datt sech d'EU-Länner eens ginn, iwwert Mesuren, fir der Ekonomie ënnert d'Äerm ze gräifen.
D'Länner si sech do awer net eens, an den Ament gesäit et nach ëmmer net dono aus, wéi wann déi al Konflikter iwwerwonne wieren.
Doriwwer schwätze mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.