arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Revolutionär
Wou den Arnold Schönberg den 13. Juli 1951 zu Los Angeles stierft, geet der Musekswelt hire wuel gréisste Revolutionär verluer. Amplaz op deenen alen Traditiounen opzebauen, stellt hien de System a Fro a sortéiert en nei. Dës Ännerunge waren esou staark, datt een an der Musek ganz däitlech en "Virdrun" an en "Duerno" eraus héiert.