Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Vun enger "gewoter Strategie" schreift haut d'Lëtzebuerger Wort: an der Corona-Kris géif Lëtzebuerg vill testen a géif awer zum Risiko-Gebitt deklaréiert ginn. Vum Auswärtigen Amt zu Berlin koum jo gëschter eng Reeswarnung: vun "net noutwendegen" Openthalter zu Lëtzebuerg gouf ofgeroden.


Déi méi héich Infektiounszuelen hätten als Konsequenz, datt d'Robert-Koch-Institut, Lëtzebuerg als Risikoland klasséiert huet a viru Reesen an de Grand-Duché gewarnt gëtt.


Wien an Däitschland reest, misst eng Quarantän a Kaf huele, warnt d'Lëtzebuerger Wort. D'Grenze géifen awer op bleiwen.


D'Entscheedung aus Däitschland, dierft d'Pläng vu villen Touristen aus Lëtzebuerg iwwert de Coup geheien. Däitsche wiere just nach kuerz Visitte vu maximal dräi Deeg zu Lëtzebuerg erlaabt.


Fir Grenzgänger géifen et keng Limitatioune ginn, notéiert d'Wort.


Le pays placé en isolement", esou dann den Titel vum David Marques sengem Editorial am Quotidien.


Den Isolement vu Lëtzebuerg wier haut e Fakt: déi éischt gréisser "Post-Noutstand-Epreuve" géif op d'Regierung waarden.


Den Editorialist schreift vun engem "beonrouegende Bilan" bei den Nei-Infektiounen an Hospitalisatiounen hei am Land, mat als Konsequenz de Reaktiounen aus der Belsch an aus Däitschland.

Episoden

Editioun 8:15

Amerikanesch Reaktiounen zu Lëtzebuerg, déi repressiv Politik aus dem Inneministère an e Finanzfong, dee kee gebraucht huet, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Amerikanesch Reaktiounen zu Lëtzebuerg, déi repressiv Politik aus dem Inneministère an e Finanzfong, dee kee gebraucht huet, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

Radikaliséierung am Netz, Sécherheet um Vëlo an d'Gefor vu Spillsucht, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng App fir méi Weed, Kritik un der Stater Verkéierspolitik an e Geheimdéngschtmataarbechter, deen net Recht kritt huet.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

Waasserstoff als Energiequell zu Lëtzebuerg, d'Urgencen an de Spideeler, Liewensmëttelallergië bei Kanner an d'Glécksspiller déi boomen, dat sinn Theemen de Moien an den Zeitungen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Lëtzebuerger Zeitungen hu sech bis elo nach zeréckgehalen, dat mierkt een haut, wann een d'Kommentare liest, en Dag nodeems bekannt gouf, datt d'USA envisagéieren, hir Ambassade hei zouzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Lëtzebuerg ass keng Insel méi an der organiséierter Kriminalitéit a Lëtzebuerg soll och eng Roll spillen am Rohstoffhandel an am Kongo-Konflikt
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Eng Firma zu Lëtzebuerg gëtt vun enger ONG beschëllegt mat geschmuggelter Matière première aus dem Ruanda ze handelen, e Schmuggel, duerch deen déi ruandesch Rebellemiliz M23 sech deelweis finanzéiert.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8:15

D'Aschränkungen vun der akademescher Fraiheet an den US als Chance fir Lëtzebuerger Fuerschungsinstituter - e weidere Sujet an der Press vun haut
headphones

9 min

play_arrow

Editioun 7:15

D'Situatioun vun den Aarmen a vun de Räichen, an d'Grande-Duchesse Charlotte, déi haut virun 80 Joer aus dem Exil zeréckkoum - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

"Verwirrung“ ëm de Pim Knaff an d‘Nouvelle, datt hien als Escher Kultur-Schäffe géif ophalen, ass haut en Haapttheema an der nationaler Press.
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 8:15

D'Rätsel ëm de Pim Knaff geet weider ... an d'Ambitioune vun der DP ginn ënner d'Lupp geholl.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

Trëtt de Pim Knaff elo zeréck oder net? Dat ass ee Rätsel an der Press vun haut ... weider Sujete sinn déi däitsch Grenzkontrollen an de Welt-Parkinson-Dag.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

Déi sougenannte Maulkuerf-Klausel an eng nei Spëtzt un der FLTT - dat si weider Theemen an der nationaler Press vun haut.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7:15

D'Roll vum Marc Spautz bannent der CSV an d'Fro vun der politescher Verantwortung, an de Koalitiounsaccord an Däitschland sinn haut Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

D'Corinne Cahen stëmmt fir d'Carole Hartmann als nei DP-Parteipresidentin a Krisepreventioun hei am Land - dat sinn Theemen an der nationaler Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7:15

D'Leitartikelen an den Zeitunge vun haut beschäftege sech mat dem Theema Sécherheet hei am Land an den Tom Hecker krut deen éischte Prix eschois d’encouragement à l’égalité des genres.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

Weider Theemen an der Press vun haut: d'Kulturpolitik zu Esch, an d'Lëtzebuerger Regierung, déi bei den däitsche Grenzkontrolle kleng bäigëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7:15

Den Impakt vun den Annoncë vum Donald Trump a weider Nouvellen an der Caritas-Affär sinn Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8:15

D'Ziler vun der Luxembourg Space Agency an d'Ziler vun de Union des indépendants - dat si weider Theemen an der nationaler Press haut.
headphones

5 min

play_arrow