Radioen

On air

De Weekend  |  Jungle - Keep Me Satisfied

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

Vun enger "gewoter Strategie" schreift haut d'Lëtzebuerger Wort: an der Corona-Kris géif Lëtzebuerg vill testen a géif awer zum Risiko-Gebitt deklaréiert ginn. Vum Auswärtigen Amt zu Berlin koum jo gëschter eng Reeswarnung: vun "net noutwendegen" Openthalter zu Lëtzebuerg gouf ofgeroden.

Déi méi héich Infektiounszuelen hätten als Konsequenz, datt d'Robert-Koch-Institut, Lëtzebuerg als Risikoland klasséiert huet a viru Reesen an de Grand-Duché gewarnt gëtt.

Wien an Däitschland reest, misst eng Quarantän a Kaf huele, warnt d'Lëtzebuerger Wort. D'Grenze géifen awer op bleiwen.

D'Entscheedung aus Däitschland, dierft d'Pläng vu villen Touristen aus Lëtzebuerg iwwert de Coup geheien. Däitsche wiere just nach kuerz Visitte vu maximal dräi Deeg zu Lëtzebuerg erlaabt.

Fir Grenzgänger géifen et keng Limitatioune ginn, notéiert d'Wort.

Le pays placé en isolement", esou dann den Titel vum David Marques sengem Editorial am Quotidien.

Den Isolement vu Lëtzebuerg wier haut e Fakt: déi éischt gréisser "Post-Noutstand-Epreuve" géif op d'Regierung waarden.

Den Editorialist schreift vun engem "beonrouegende Bilan" bei den Nei-Infektiounen an Hospitalisatiounen hei am Land, mat als Konsequenz de Reaktiounen aus der Belsch an aus Däitschland.

Episoden

Editioun vun 08:15

Reaktiounen op de Vott vun der CDU, ee geplangte Retour an den Numm, deen een net dierf nennen: d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

7 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Reaktiounen op de Vott vun der CDU, ee geplangte Retour an den Numm, deen een net dierf nennen: d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 08:15

Privat Patrullen zu Ettelbréck, Nowuessproblemer beim Cyclocross a Strëppenzéier bei der Policegewerkschaft, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Privat Patrullen zu Ettelbréck, Nowuessproblemer beim Cyclocross a Strëppenzéier bei der Policegewerkschaft, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Regierung plangt eng Kamera-Iwwerwaachung op den Autobunne fir Plackennummeren z'identifizéieren, de Gesetzesprojet soll an den nächste Woche presentéiert ginn
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Temoignage vu fréiere Caritas-Mataarbechter, wéi si den Iwwergang vun HUT erlieft hunn an déi nei Gewerkschaftsfront sinn de Moien Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Déi méi laang Ëffnungszäite vun de Geschäfter splécke weider d'Gemidder a Lëtzebuerg huet seng dräijäreg Amtszäit am UNO-Mënscherechtsrot ofgeschloss.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Wat et bedeit, als net-binäre Mënsch ze liewen, d'Bedruchs-Affaire ronderëm d'Faillitte vu Car Store vu Conter an den Ënnergang vun der BGL-League am Fussball sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Dem Luc Frieden seng "Stabilitéits-Obsessioun" ass en Theema an der Presserevue, donieft ass de Jonglënster Buergermeeschter um Enn mat der Gedold, well no engem Joer nom Feier am Gemengenhaus nach ëmmer näischt geschitt ass
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Familljeminister Max Hahn, deen an de leschte Méint vill an der Kritik stoung wéinst dem Accueil vu Sans-abrisen a Flüchtlingen, erkläert sech haut an der Press
headphones

5 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

D'Affär Caritas, e Bléck an d'Kulisse vum Haff an den Ierger vum Marc Baum beschäftegen d'Zeitungen haut.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Neies an der Affär ëm d'Theatergrupp aus dem Lycée Hubert Clement, en neie Mann fir HUT a firwat ee faschistesch Symboler soll mam Numm nennen, dat sinn Themen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Neies an der Affär ëm d'Theatergrupp aus dem Lycée Hubert Clement, en neie Mann fir HUT a firwat ee faschistesch Symboler soll mam Numm nennen, dat sinn Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:00

Kritik un der Asylpolitik, déi Conter Gemengepolitik an d'Léift vum Lëtzebuerger zum Auto, eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Kritik un der Asylpolitik, déi Conter Gemengepolitik an d'Léift vum Lëtzebuerger zum Auto, eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Zeitungen zweiwelen drun, datt d'Regierung a Saache Kollektivverträg dat lescht Wuert geschwat huet an et sinn 30 Joer hir, datt de Jean-Claude Juncker de jéngste Regierungschef an Europa ginn ass
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

An der geschriwwener Press wonnert een sech iwwert de Revirement bei der CSV an DP, datt d'Gewerkschaften awer elo d'Exklusivrecht bei Kollektivverträg solle behalen, mee si trauen der Saach awer net ganz
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Nieft dem Donald Trump senger Vereedegung sinn och d'Ëffnungszäiten nees en Theema an den Zeitungen an d'Opreegung am Basket, nodeems zwee Profispiller festgeholl goufe wéinst enger Messerpickerei de Weekend
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Dem Donald Trump seng Vereedegung als neien amerikanesche President ass haut Haaptthema an der Presserevue, d'Zeitunge mengen, datt een dem Trump seng Droungen net alleguer dierft fir boer Mënz huelen
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Den Autosfestival, deen e Samschdeg opgeet, dem Donald Trump seng Vereedegung den Owend an den déidleche Virfall virun zwee Joer wärend engem Jugendtraining zu Esch sinn Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow