Europa Aktuell
Apple -Uerteel: EU-Kommissioun präparéiert aner Mesuren
Fir "Apple" koum gëscht eng gutt Nouvelle vu Lëtzebuerg: D'Firma muss net, wéi dat d'Europäesch Kommissioun verlaangt hat, 13 Milliarden Euro Steieren un den iresche Fisk nobezuelen. Zu deem Uerteel koum den Europäesche Geriichtshaff, dee seet, Irland hätt Apple keng extra Steier-Konditioune accordéiert, sou wéi dat Bréissel ënnerstallt hat.
Dat Uerteel dierft zu Lëtzebuerger éischter positiv opgeholl ginn, well d'Regierung am gaangen ass, ähnlech Décisiounen vun der Kommissioun vru Geriicht unzefechten.
Bréissel kéint elo awer zu anere Moyenen gräifen, fir der Steierevasioun bäizekommen - dat gouf gëscht annoncéiert.