Kultur
An de Rotonden hutt Dir "feste Buedem" ënner de Féiss
Eng vun den Haaptmissioune vun de Rotonden ass Nowuesstalenter fërderen. Am Beräich vun der plastescher Konscht zum Beispill mat der "Triennale jeune création". Enn Juni sollt déi fënneft Triennale opgoen, mee wéinst der Corona-Kris gouf se op 2021 verluecht, a fir déi selektionéiert Artisten gouf eng virtuell Plattform geschafen. De Public huet natierlech och Zougang. An e kann an de Rotonden nei Aarbechte vu fréiere Participanten entdecken. Zum Beispill an der Buvette "terre ferme" vum Guillaume Barborini. D'Kerstin Thalau hat de Kënschtler kuerz virum Vernissage kennegeléiert.