Klassik aktuell
Méi wéi just e Museker
Et gi wuel vill Virtuosen, déi hir Zäit als Museker gepräägt hunn. Allerdéngs ginn et dervun net vill, déi och hir Zäit markéiert hunn duerch hiert politescht a soziaalt Engagement. Den Isaac Stern war net nëmmen ee vun de grousse Geiisten aus dem 20. Joerhonnert, mee och e Mann, dee säin Numm a säi Kënne fir gutt Zwecker agesat huet a säi Bäitrag wollt leeschten, fir déi politesch Relatiounen tëschent den USA an den ëstleche Länner ze verbesseren. De Manuel Ribeiro zeechent e Portrait vum Geiist Isaac Stern, deem säi Centenaire haut gefeiert gëtt.