arrow_back_ios
Klassik aktuell
Prouwen an Zäite vum Corona
"D'Mina hätt am Fong geholl seng Melodie solle Mëtt Juni erëmfannen", seet d'Carole Mallinger-Leyers vum Trio Dora. Zesumme mat den zwou Musekspedagoginne Catherine Hengesch an Jenny Spielmann wollt den Ensembel d'Kreatioun mam Titel "D'Mina an déi vergiesse Melodie" fir Kanner tëschent dräi a sechs Joer dëse Summer op d'Bün bréngen. Elo gouf d'Première op den Dezember verluecht, esou datt den Ament Prouwen amplaz vun Opféierungen um Programm stinn.