Album vun der Woch
Art Feynman - Half Price at 3:30
Den Album beweist Finess an all Couchë vu sengem Entstoen: de Songwriting, scheinbar bäileefeg mee mat wellenaarteg opschaimenden Héichpunkten; d'Gittarsopnamen a Stëmm-Takes, déi vu bréckeleg a fragil bis staark a resonant goe kënnen; den digitalen Agrëff an dës charmant Opnamen op bedeitungsvoll a verstäerkend Aart a Weis; Bass a Keyboardlinnen, déi sech anenee verstrécke wéi Verléiftener. De Marc Clement huet eis seng drëtt Studioplack "Half Price at 3.30" matbruecht.