arrow_back_ios
Klassik aktuell
No de wichtege Schoulexamen eng CD-Opnam
Iwwer 140 Kandidaten hate sech beim 36. Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes vun der Union Grand-Duc Adolphe am November 2019 dem Jury gestallt. An der Kategorie Piano hat de Val Kravos am meeschten iwwerzeegt an krut esou nieft enger Goldmedail vun der UGDA och de Präis vum radio 100,7. Gewonnen huet hien domat eng professionell Demo-Opnam um 100,7-Fligel. D'lescht Woch war de jonke Pianist bei eis am grousse Studio, fir seng Opnam ze maachen.