Klassik aktuell
E Komponist, deen och eng humoristesch Säit hat
De Johann Sebastian Bach - e Monument vun der Musek, Beispill, Virbild an Idol vu ville spéidere Komponistegeneratiounen: Den Thomaskantor huet den Image vun engem eeschte Komponist, dee ganz a senger Instrumental - a virun allem Sakralmusek lieft. D'Wierk selwer verstäerkt dëst Bild, zemools well et kaum weltlech Vokalmusek vum Bach gëtt. Eng vun de wéinegen Ausnamen ass d'"Kaffeekantate". Si weist, wéi de Bach mat der Moud gaangen ass an och Witz hat. 26 Joer no der Première vun der "Kaffeekantate", den 28. Juli 1750, stierft de J.S. Bach zu Leipzig.