arrow_back_ios
Klassik aktuell
Hoffen op Bayreuth Baroque
Kee rouden Teppech, keng Fanfaren, keng Melomanen, déi op lescht Ticketen hoffen: De legendäre Gréngen Hiwwel zu Bayreuth bleift dëse Summer eidel. D'Joer 2020 ass net dat allerbescht fir d'Wagner-Festspiller: fir d'éischt koum d'Krankheet vun der Cheffin, der Katharina Wagner, an du koum d'Pandemie, déi d'Annulatioun forcéiert huet. Elo drécken se zu Bayreuth Daimercher, datt den neie Festival Bayreuth Baroque am September kann iwwer d'Bün goen.