Et ass déck waarm, wéi déi jonk Museker vum Summer Orchestra Luxembourg sech d'lescht Woch am Kulturhaus zu Miersch treffen, fir dem Ludwig van Beethoven säi Geie-Concerto ze prouwen. Den Orchester hat 2014 seng Première an ass antëschent a Residenz am Mierscher Kulturhaus, wou dës Saison och e Beethoven-Zyklus geplangt war. Corona bedéngt gouf kuerzfristeg fir d'Summersessioun ëmdisponéiert.
arrow_back_ios