arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ee vun deene Groussen am 20. Joerhonnert
Den Erich Kleiber war zu senger Zäit grad esou bekannt wéi spéider säi Fils, de Carlos Keiber. Et gouf dacks gesot, datt de Carlos guer net dem Erich Kleiber säi Bouf wier, well déi zwee gläiche sech guer net. Den Erich Kleiber huet an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zesumme mat den Dirigenten Toscanini, Walter, Klemperer a Furtwengler zu de grousse Perséinlechkeete an hirem Metier gezielt. Den Erich Kleiber koum haut virun 130 Joer op d'Welt. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vum Dirigent.