Kultur
D'Keong-A Song gëtt den Toun vum "Moon-Song" un
Bis de 19. September kënnt Dir d'Expo "Moon-Song" an d'Librairie Fellner Louvigny kucke goen: dofir huet de Konschtlibraire Hans Fellner déi südkoreanesch Kënschtlerinne Keong-A Song a Se-Lyung Moon invitéiert. D'Keong-A Song, Joergang 1974, hat sech am Joer 2000 fir en Zousaz-Studium zu Nanzeg decidéiert, an huet do hiren zukünftege Mann, de portugisesch-lëtzebuergesche Konzeptkënschtler Marco Godinho, kennegeléiert. Zanterhier lieft a schafft si tëschent Südkorea, Lëtzebuerg a Frankräich. Mam Kerstin Thalau huet si iwwer Konscht a Corona diskutéiert.