arrow_back_ios
Klassik aktuell
Disziplin a Prezisioun
Intimus vum Richard Strauss, Mozart- a Wagner-Spezialist: De Karl Böhm huet sech net gären an esou Tiräng drécke gelooss, wat net verhënnert, datt grad dës Komponisten hie säi Liewe laang begleet hunn. De Karl Böhm war een Dirigent vun der aler Schoul, deen de Repertoire als Chorrepetitor, Ersatzmann a Chef op klenge Büne geléiert huet, éier hien 1943 un d'Semper-Oper op Dresde koum. De 14. August 1981 ass de Karl Böhm wärend enger Prouf gestuerwen.