Kultur
Kënschtler-Speeddating an der Escher Squatfabrik
De Summer 2020 iwwer encouragéiert d'Ekipp vun der Escher Kulturfabrik Kënschtler dozou, ee vun hiren Espacë mat Konscht souzesoen "ze besetzen". All zwou Woche ginn zwee bis dräi Kreativer, déi sech net onbedéngt kennen, an der neier "Squatfabrik" empfaangen. Esou war et geplangt. Mee bei der véierter Ronn heeschen d'Invitéen Anina Rubin a cooperationsART: also eng Sound-Artistin plus een interdisziplinären an inklusive Kënschtlerkollektiv, mat engen 20 Memberen, vu Wolz. D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, op do iwwerhaapt Plaz fir en Echange war.