arrow_back_ios
Klassik aktuell
Staatstheater goes Völklinger Hütte
"Staatstheater goes Völkinger Hütte!" ass den Titel vun engem Theater-Parcours mat Sänger, Museker, Schauspiller an Dänzer an der Völklinger Hütte. E Sonndeg, den 23. August ass dësen Evenement mat Kënschtler aus dem Staatstheater Saarbrécken, déi iwwer de ganzen Areal vum Weltkulturierwe verdeelt Opféierunge proposéieren.
De Luc Boentges huet mam Bodo Busse, dem Generalintendant vum Staatstheater telefonéiert, fir méi iwwer dës Opféierung gewuer ze ginn.