Kultur
"1h" fir den Hans-Christian Schink
Zanter 2008 presentéiert d'ASBL "Cité de l'image", a Wiesselausstellungen, 6 verschidde Fotoserien am ëffentleche Raum vu Klierf. Di lescht, di am Summer 2020 installéiert gouf, ass "1h" vum Fotograf Hans-Christian Schink: schwaarzwäiss Opname vu spektakuläre Landschaften. Wat opfält, ass eng schwaarz Baguette, déi wéi nodréiglech an d'Biller montéiert wierkt. Den Hans-Christian Schink, deen zeréckgezunn a Mecklenburg-Vorpommern um Land lieft, ass, fir di besser Telefons-Connectioun, extra mam Auto an di nächst Stad gefuer, an huet dem Kerstin Thalau seng Aarbecht erkläert.