arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Liewe fir de Gesank
D'Cantatrice Janet Baker wosst mat vill Geschéck an Intelligenz hir Karriär ze féieren. Mat den Optrëtter däerf een net iwwerdreiwen, war hir Devise, fir hir Stëmm ëmmer op dem héchsten Niveau ze halen. Mat dëser Strategie konnt d'Sängerin zu enger vun deene beschte Kënschtlerinnen op der Bün evoluéieren a bleiwen. D'Dame Janet Baker koum op den 21. August 1933 op d'Welt. De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vun der Cantatrice.