arrow_back_ios
Klassik aktuell
E loutréngesche Komponist
De Florent Schmitt huet a sengem Katalog 138 Opusnummere stoen, mee och eng zwanzeg onpublizéiert Wierker. Säi Wierk ëmfaasst Musek aus alle Gattungen ausser Oper an Operett. De Florent Schmitt, deen aus Loutrengen kënnt, gewënnt am Joer 1900 de Prix de Rome mat der Kantat "Sémiramis". De Komponist ass de 17. August 1958 gestuerwen.