arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Erfinder vun der Klarinett
De Chalumeau gouf et schonn zanter Joerhonnerte bis den Instrumentebauer Johann Christoph Denner an de 1690er Joren entscheet, d'Instrument ëmzebaue, fir e puer nei klanglech Virdeeler ze schafen. Aus dem Chalumeau sollt dunn eng éischt Form vun enger Klarinett entstoen. Mee et dauert dunn nach Joerzéngte bis d'Konstrukt dat gëtt, wat mer haut kennen. Den Erfinder vun der Klarinett Johann Christoph Denner ass den 13. August 1655 gebuer.