Klassik aktuell
Deen éischte Phonograph
Iwwer den Datum gëtt haut gestridden, ob et wierklech den 12. August 1877 oder am Dezember war, op deem d'Patent vum éischte Phonograph vum Thomas Alva Edison ugemellt gouf. Ëmmerhin huet dës Maschinn villes an der Musek an och an anere Beräicher revolutionéiert. Eng Stëmm konnt op engem Support festgehalen, dann nees ofgespillt ginn. De Phonograph ass de Virgänger vum Grammophon, dee selwer dunn zum Plackespiller gouf. Doraus gouf jo spéider den CD-Player, an haut schwätze mer nach just vun digitale Museksfichieren. De Manuel Ribeiro iwwer d'Entstoe vum Phonograph