De Wolfgang Amadeus Mozart ass als Genie an d'Museksgeschicht agaangen. Haut nach faszinéiere Geschichten an deene verzielt gëtt, wéi séier hie komponéiert huet, wéi perfekt säi musikalescht Gediechtnes war a wéi liicht him d'Musek generell gefall ass. Och wann dëst zu groussen Deeler stëmmt, huet de Mozart awer déi eng oder aner musikalesch Noss a sengem Liewe misse knacken. Eng dovu si seng sechs Sträichquartetter Opus 10, déi hien den 1. September 1785 dem Joseph Haydn dediéiert huet.
arrow_back_ios