arrow_back_ios
Klassik aktuell
Musek fir d'Keeserin
Et muss e ganz besonneschen Dag op Schlass Esterhaza gewiescht sinn - den 2. September 1773. Ëmmerhin hat d'Keeserin Maria Theresia sech ugekënnegt, Härin iwwer d'Habsburgerräich an domadder och iwwer Lëtzebuerg. Ob de Joseph Haydn wosst, wou Lëtzebuerg läit, kënne mer net soen. De Komponist war deen Dag souwisou vill ze vill domadder beschäftegt fir e passende musikalesche Programm op d'Been ze stellen, deen der Keeserin och gefält - dorënner seng 48. Symphonie, déi prompt den Titel "Maria Theresia" krut.