arrow_back_ios
Europa Aktuell
Mercosur kéint am Tirang bleiwen
Ëmmer méi EU-Memberstaate stellen den Handelsvertrag, dee mat de südamerikanesche Mercosur-Länner ofgeschloss gouf, a Fro. Nodeems elo och déi däitsch Regierung Skepsis weist, kéint d'Ëmsetzung op sech waarde loossen. Bréissel schéngt allerdéngs bis op Weideres um Accord festzehalen. Dat huet een Debat am Europaparlament gewisen. D'Danièle Weber informéiert.