E Freideg, de 4. September, steet an der Kierch Saint Jean am Gronn deen zweetleschte Midi Musical vun dësem Summer op der Affiche. Den Organist Laurent Felten proposéiert an der Mëttesstonn tëschent hallwer eng a véierel op eng e Récital mat Musek aus Frankräich an Däitschland. De Luc Boentges huet de Laurent Felten bei sech an de Studio invitéiert, fir méi iwwer dëse Concert gewuer ze ginn.
arrow_back_ios