Klassik aktuell
Ee vun de bedeitendsten Symphoniker
An der Museksgeschicht schwätzt ee gäre vun de grousse B - Bach, Beethoven, Brahms. An déi Rei gehéiert och den Anton Bruckner, ee vun de gréisste Symphoniker am 19. Joerhonnert. Grad de Fait, datt de Bruckner sech haaptsächlech op d'Symphonie fokusséiert an de Genre harmonesch weiderentwéckelt huet, mécht aus sengem Wierk een zolitte Block am Repertoire. Zu Liefzäiten gouf de Komponist dacks mëssverstanen, no sengem Doud dacks falsch interpretéiert. Antëscht huet d'Musekswelt béides rectifiéiert a preparéiert sech lues a lues op de groussen Hommage vum Anton Bruckner - den 200. Gebuertsdag am Joer 2024.
De 4. September 1824 koum den Anton Bruckner zu Ansfelden bei Linz op d'Welt.