arrow_back_ios
Klassik aktuell
Diddelenger Uergel: Prett fir an déi nei Saison
Tëschent dem 22. September an dem 29. Oktober proposéiert de Festival International d'Orgue de Dudelange (FIMOD) véier Hierchtrécitallen, kombinéiert mat enger ëffentlecher Prouf vun engem Lëtzebuerger Organist, dee sech op e Concours preparéiert. De Luc Boentges huet mam President Jean Olinger a mam Titularorganist Alessandro Urbano iwwer de Festival an d'Implicatioune vum Confinement op d'Uergel geschwat.