arrow_back_ios
Klassik aktuell
Prënz, Komponist a Mäerder
Wat ass wierklech an der Nuecht vum 16. Oktober 1590 geschitt? D'Chroniste verziele vun enger extrem brutaler Dot vum Prënz Carlo Gesualdo di Venosa, dee seng Fra an hiren Amant ëmbruecht soll hunn. Ee Prënz, Komponist a Mäerder - dat ass de Stoff fir e sëllegen Operen an och ee Film an den 90er Joren. Et ass awer net nëmmen dee gräisslechen Akt vu Jalousie, dee spéider Generatioune faszinéiert, mee och d'Modernitéit vum Gesualdo senger Musek - onkonventionell Musek, an enger Period, déi mat ville Gewunnechte brécht.