Kultur
D'Billerbuch vum Mënschsinn
8 min
An der Villa Vauban hu si d'Experienz gemaach, datt de Public eng Virléift fir Gruppenaustellungen huet, bei deenen een d'Aarbechte vun enger Rei Kënschtler entdecke kann. Mee heiansdo drängt eng Monographie sech einfach op: wéi zum Beispill beim Sculpteur a Moler Charles Kohl.
Wéi seng Famill, no sengem Doud 2016, dem Kohl säin Atelier raume wollt, huet si do onverhofft eng richteg Schatzkummer entdeckt. Villes dovunner, plus weider Prêten, si bis de 17. Januar 2021 an der Villa Vauban ze gesinn. D'Kerstin Thalau iwwer "L'imagier de la condition humaine".