Klassik aktuell
Sanitärkonzept, Educatioun a Programm
De 17. September start d'Philharmonie an déi nei Saison mat engem Concert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno zesumme mam Pianist Krystian Zimerman. Et ass eng Saison, déi staark ënner dem Afloss vun der Corona-Pandemie steet: eng ganz Rei vun de geplangte Concerten hu missen ofgesot ginn, et huet missen e Sanitärkonzept ausgeschafft ginn, an och déi net-ofgesote Concerten hunn zum Deel missen adaptéiert ginn.
De Luc Boentges schwätzt mam Stephan Gehmacher, dem Direkter vun der Philharmonie iwwer dës nei Saison.