Klassik aktuell
Dem Arvo Pärt säin Tintinnabuli-Stil
Mat senge Stécker "Für Alina", "Tabula Rasa" oder "Spiegel im Spiegel" entwéckelt den Arvo Pärt an den 1970er Joren en eegenen Kompositiounsstil, deen hien "Tintinnabuli" bezeechent. Dësen einfache Stil ass vun der mystescher Experienz vum Komponist mam Kierchegesang gepräägt. Den Arvo Pärt ass ee vun deene beléiftste Komponisten aus der Géigewaart, a wuel kaum en anere Komponist schreift esou eng Musek, déi duerch Muerch a Schank geet. Den estnesche Komponist feiert haut (11.9.2020) seng 85 Joer. De Manuel Ribeiro huet e Portrait vum Arvo Pärt skizzéiert.