Fräie Mikro
Applaus fir d'Proffen
Haut ass deen éischte Schouldag - d'Primärschüler starten an dat neit Schouljoer, déi nächst Deeg kommen d'Lycéesschüler no. Am Zentrum vun der Rentrée steet dëst Kéier de Bien-être vun deene Jonken, dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch lescht Woch versprach. Si hätten immens ënner dem Lockdown gelidden a missten elo extra gutt encadréiert ginn. Mee och fir d'Enseignantë sinn dës Covid-Zäiten eng enorm Erausfuerderung, fir déi si en Applaus verdéngt hunn, mengt d'Judith Reicherzer, Medienexpertin am Lycée Aline Mayrisch.