Klassik aktuell
Gedenkconcert zu Fünfbrunnen
Net wäit ewech vun Ëlwe läit d'Klouschter Fünfbrunnen, dat am Ufank vum 20. Joerhonnert vun den Häerz-Jesu-Patere gebaut gouf, déi och nach haut am Klouschter liewen. Fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg huet Fünfbrunnen eng besonnesch Bedeitung. Et war d'Sammelplaz, vun där aus d'Lëtzebuerger Judde vun den Nazien zesummegepercht a spéider an d'Ghettoen an d'KZer transportéiert goufen.
Zanter 1994 ass reegelméisseg e Gedenkconcert zu Fünfbrunnen an Zesummenaarbecht mam Klenge Maarnecher Festival. E Sonndeg, 20.9.2020, spillt den Ensemble Ad Libitum an der Kapell vum Klouschter.