arrow_back_ios
Fräie Mikro
Dat interkulturellt Bewosstsinn an eise Schoule stäerken
De Plan de développement scolaire leeft normalerweis dëst Joer aus. En neie Plang muss vun de Schoulen ausgeschafft ginn an da vun de Gemengeréit gestëmmt ginn. Mee ginn do Ziler wéi den Ëmgang mat der Diversitéit vun eiser Schoulpopulatioun berücksichtegt, freet sech d'Laura Zuccoli, d'Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.