Viru genee 840 Joer, den 18. September 1180, ass de Philippe Auguste, eenzege Fils vum Kinnek Louis VII, neie Kinnek vu Frankräich ginn, dat nodeems säi Papp un Häerzkomplikatioune gestuerwen ass ... mee eigentlech war dee jonke Philippe, deen och Philippe Auguste genannt gouf, zu deem Moment scho Kinnek, well säi kranke Papp hat him dat Joer virdru scho d'Pouvoiren iwwerreecht. Mee wéi dat eben a Monarchien am Mëttelalter war, an deelweis och nach haut ass: deen neie Kinnek regéiert eréischt, wann dee viregten dout ass. Bal war dee jonke Philippe Auguste, oder Philippe Deux, ni Kinnek ginn, well zwee Joer viru senger Inthronisatioun, wéi hien also 13 Joer al war, huet sech bei enger Juegd am Bësch vu Compiègne verluer an huet déi ganz Nuecht an der Keelt verbruecht. Mee hien huet dat iwwerlieft a gouf also mat 15 Joer Kinnek a sollt dat och 42 Joer bleiwen.
arrow_back_ios