Den 21. September 2013, also haut genee viru siwe Joer, koum et an der kenianescher Haaptstad Nairobi zu enger grausamer Attack vun Islamisten, bei där um Enn 71 Mënschen ëm d'Liewe koumen. Et war déi berüümt-berüchtegt Attack am Westgate-Shopping Zenter, engem vun deenen deiersten a luxuriéisten a ganz Afrika. Véier schwéier-arméiert Terroriste vun der islamistescher Shabbab-Miliz sinn an de Shopping Zenter erakomm an hunn ugefaangen op jiddwereen ze schéissen, déi si gesinn: Fraen, Kanner, eeler Leit, jiddwereen ...
Ganzer 48 Stonnen hate sech déi véier Ugräifer am risege Shopping-Zenter verschanzt a sech eng Schéisserei mat der Police an der kenianescher Arméi geliwwert ... um Enn goufen déi véier am Kino erschoss. Wéi d'Attack no dräi Deeg eriwwer war, an 71 Mënschen dout waren, huet d'Shabab-Miliz d'Attack revendiquéiert, wéi si sot als Revanche fir d'Amësche vun der kenianescher Arméi an hirer Heemecht Somalia, direkt niewendrun.