Klassik aktuell
De groussen Theatermann zu Wien
Ouni dem Emanuel Schikaneder säi Libretto wier dem W.A. Mozart seng "Zauberflöte" vläicht net eng vun deene populärsten Operen iwwerhaapt ginn. De Schikaneder war 1791, wéi d'Oper hir Première hat, ee vun deene wichtegsten Theatermanager zu Wien, Acteur, Komponist an Auteur. Iwwer 50 Theaterstécker an iwwer 40 Operen-Libretti huet hie geschriwwen. Mat sengen Ensembelen huet hie Shakespeare opgeféiert an och gudde Vaudeville. 1801 grënnt de Schikaneder eent vun deene ganz renomméierten Haiser zu Wien: den Theater an der Wien. Den Impresario stierft den 21. September 1812.