Klassik aktuell
Weider vill Schüler an de Conservatoiren
Dat lescht Semester war et an de Conservatoiren an an de Museksschoulen zimmlech schwiereg, een normaalt Schouljoer ofzeschléissen. D'Coursen iwwer informatesch Plattformen sinn nach ewell relativ gutt iwwer d'Bün gaangen. Mee elo, mat der Rentrée, heescht et Coursen nees physesch am Klassesall ofzehalen. Zu Ettelbréck am Conservatoire hu sech eppes iwwer 1.400 Schüler fir dat neit Schouljoer ageschriwwen, eng 25 Schüler manner wéi soss. Zu Esch am Conservatoire ass d'Zuel och bis op e Grappvoll Schüler méi oder wéineger stabil bliwwen. Wéi déi sanitär Kris sech op d'Inscriptiounen am Stater Conservatoire ausgewierkt huet, doriwwer huet de Manuel Ribeiro mam Direkter Marc Meyers geschwat.