arrow_back_ios
Klassik aktuell
D'Oper "Zaira" als Concours
Den 23. September 1835 stierft de Vincenco Bellini. Säin Doud kënnt fir vill Zäitgenossen iwwerraschend an d'Trauerfeier zu Paräis gläicht engem Staatsbegriefnes. Zu Liefzäiten als groussen Opere-Komponist bekannt, war hien an Italien e Konkurrent vun eisem Komponist vum Mount Saverio Mercadante, deen e Flopp vum Bellini ausgenotzt huet, fir sech selwer an d'Fënster ze stellen.