Klassik aktuell
Reflektiounen iwwer den eegene Beruff
Chef vun der Opéra national zu Paräis, Chefdirigent vun de Wiener Symphoniker an zanter dem 1. September Directeur musical vun der Wiener Staatsoper: de Schwäizer Dirigent Philippe Jordan huet a relativ kuerzer Zäit eng brillant Karriär gemaach. Den Taktbengel gouf him quasi an d'Wéi geluecht - als Fils vum Armin Jordan. Datt een awer als Fils vun engem bedeitenden Dirigent kee Gebuertsrecht op dëse Beruff huet, verzielt den Armin Jordan a sengem Buch "Der Klang der Stille". Et si Reflektiounen iwwer den eegene musikalesche Wee an iwwer d'Musek tout court.