arrow_back_ios
Europa Aktuell
Klimaschutz: Theorie vs Praxis
Op EU Niveau ass d'Klimazil kloer gesat. Bis 2030 sollen d'Staaten d'CO2 Emissiounen ëm op mannst 40% reduzéiert ginn an d'Erneierbar Energien ëm 32% erop gesat ginn. An d'EU-Kommissioun well d'Ziler elo nach verschäerfen. Ma wat an der Theorie einfach kléngt ass an der Praxis méi schwiereg. Dat weisen zum Beispill déi aktuell Diskussioune ronderëm en neit Wandrad zu Bierden an der Gemeng Ierpeldeng. Hei stelle sech um Terrain nach eng ganz rei Froen. D'Maxi Pesch huet déi verschidden Acteuren op der Plaz getraff.