De 29. September 1913 ass et zum mysteriéisen Doud vum Rudolf Diesel komm, dem Erfinder vum Diesel-Motto am Joer 1897. Bis haut gëtt gerätselt, wéi dee bekannte mechaneschen Ingenieur ëm d'Liewe komm ass. De Rudolf Diesel ass nämlech vun engem Schëff verschwonn, mat deem hie vun Antwerpen op London ënnerwee war. Den Éischte Weltkrich war zwar nach ee Joer ewech, mee trotzdeem waren vill Däitscher net frou iwwert dës Rees vum Diesel fir dem brittesche Militär technesch ze hëllefen. Dofir ginn et bis haut Theorien, dass hien vun den Däitschen ëmbruecht gouf. Oder vun Agenten, déi fir déi grouss Petrolls-Konzerner geschafft hunn, well dës net frou iwwert säin Konkurrenz-Motor waren. Mais méi probabel ass, dass de Rudolf Diesel sech deen Dag einfach d'Liewe geholl huet.Den däitschen Ingenieur hat nämlech zu deem Moment a sengem Liewe gréisser finanziell Probleemer. Tatsächlech hat hie senger Fra virun dëser Rees eng Täsch ginn, mam Uerder se eréischt an enger Woch opzemaachen. Dodran hat hien hier 200.000 däitsch Mark a Boergeld hannerlooss, eng Riisenzomme fir deemools, awer och Bank-Auszich, déi gewisen hunn, dass hier Konnte quasi eidel waren.
arrow_back_ios